Neien Testfluch vu Starship-Rakéit vläicht an der Nuecht op e Mëttwoch

© Image SpaceX / X
Wéinst dem schlechte Wieder huet SpaceX den zéngten Testfluch vun der Starship-Rakéit op en Neits verréckelt.
"Leider wäert de Start haut net sinn, d'Wieder ass eis dotëschtkomm", sot de SpaceX-Vertrieder Dan Huot wärend enger Liveiwwerdroung e Méindegowend. Wéi um Site vu SpaceX ze liesen ass, soll d'Rakéit elo en Dënschdeg den Owend 18.30 Auer vun der Weltraumgare Starbase am Texas starten.
Eigentlech hätt den zéngten Testfluch vun der Riserakéit vum Elon Musk schonn e Sonndegowend sollte starten. Ma e Sonndeg war de Start verréckelt ginn, well ee Stéck huet misse reparéiert ginn an et hätt ee wéilten "Zäit fir d'Behiewe vun engem Problem mat Buedemsystemer gewannen".
Déi 123 Meter héich Starship ass déi bis ewell gréisst a leeschtungskräftegst Weltraumrakéit iwwerhaapt. Mat hir suivéiert SpaceX d'Zil, eng Rakéit ze bauen, déi e puer Mol kann agesat ginn an doduerch och méi käschtegënschteg ass. Dem Elon Musk senge Pläng no soll d'Starship och nees Mënschen op de Mound bréngen a méiglecherweis souguer op de Mars.
Bei zwee Startversich dëst Joer war kuerz nom Ofhiewen den ieweschten Niveau vun der Rakéit explodéiert - also deen Deel, deen als Raumschëff déngt an d'Besatzung an d'Fracht transportéiere soll. Bei engem Testfluch am Mee huet d'Rakéit et an de Weltall gepackt, ass awer iwwer den Indeschen Ozean explodéiert, nodeems si wéinst enger Fuite d'Kontroll verluer hat.
En Dënschdeg de 26. August ass iwwerdeem de Start vun enger Falcon-9-Rakéit vu SpaceX geplangt, bei deem deen éischten Observatiounssatellit vu Lëtzebuerg u Bord ass. De Launch ass fir 21.30 eiser Zäit geplangt. Op RTL.lu wäert Dir de Start live suivéiere kënnen.