De Virus ass dëst Joer héich ustiechend
Zanter Ufank Oktober breet sech d'Vullegripp nees aus. Betraff ass de ganzen europäesche Kontinent.
Iwwer 300 Fäll vum sougenannten "Avian Influenza A" goufe bis elo an 20 Länner confirméiert. D'Epidemie trëfft dëst Joer méi haart ewéi erwaart. Och hei am Land gouf de Virus bis elo mol bei wëlle Vigel festgestallt. Mat natierlech direkte Konsequenze fir d'Landwirtschaft. Fräiland-Hénger sinn den Ament, wéi um Meyrishaff bei Baastenduerf, keng méi baussen ze gesinn. De Risiko, dat och nëmmen eent vun de 4.000 Déiere sech mam Virus H5-N1 ustécht, ass einfach ze grouss. Souguer wann de Bob Kaes Netzer spane géif.
"Mir kennen de Virus vun Ufank u vun do, wou mer Hénger halen. Et war all Joer e Problem. Mir hu geléiert, domat eens ze ginn, mee dëst Joer ass et scho speziell, well en einfach héich ustiechend ass. De Risiko ass méi grouss an dat mécht d'Gefor fir eis och méi schlëmm."
Stress fir de Bauer, awer och Stress fir d'Fräiland-Hénger: "Dee klengste Vugelsdreck ka schonn de Virus matdroen"
Aus Sécherheetsgrënn gouf de Kontakt mat den Hénger op e Minimum reduzéiert. Allkéiers wann de Bauer oder ee vun de Mataarbechter bei d'Déiere geet, heescht et d'Kleeder wiesselen, d'Stiwwelen desinfizéieren.
"Fir d’Hénger ass dat natierlech net esou optimal, well se dat gewinnt sinn, all Dag an op d'Fräiwiss oder ënnert d'Beem schären a picken ze goen. Dat heescht, si kënne sech besser dobausse beschäftegen, wéi elo nëmmen am Stall. A wann een dat vun engem Dag op deen aneren ewechhëlt, da gëtt dat problematesch am Stall. Einfach well se et gewinnt sinn. Mir steieren dogéint, andeems mer da Kären astreeën. Si kréie Lisairs-Botte fir ze picken oder Picksteng, wou se sech kënne beschäftegen. An awer ass et méi schwéier fir dee Grupp dee ganzen Dag beschäftegt ze kréien, wéi wa se dat dobaussen op der Wiss selwer kënne maachen."
Entspanung, ass nach esou bal keng a Siicht. Déi bis elo waarm Temperature brénge mat sech, dat d'Haaptsaison vun den Zuchvigel eréischt kënnt. A grad esou gutt am Ausland, wéi bei eis, sinn et bis elo virop d'Krukerten, déi betraff sinn. Ufälleg sinn awer zum Beispill och d'Gänsen, Inten oder Reier.
"Mir hunn am Moment an eisen Hausbetriber glécklecherweis nach keen Ausfall. Mir hunn Ausfäll an de Wëllvigel, haaptsächlech an den Hoergänsen. Bis haut hu mer elo 12 Fäll bei den Hoergänsen, déi positiv sinn, an ee Fall beim Reier." sou d’Dr. Caroline Merten, Directrice adjointe vun der ALVA
Leit, déi an der Natur doudeg oder krank Vigel fannen, sollen déi net upaken an direkt Naturverwaltung oder de staatleche Veterinär-Laboratoire informéieren.
De Virus ass a seelene Fäll iwwerdrobar op de Mënsch
D'Dr. Caroline Merten: "D'Vullegripp ass iwwerdrobar op de Mënsch, mee de Risiko, dass dat geschitt, ass ganz geréng. An dat ass och ganz kloer an der Sicht ginn. Déi Europäesch Agence fir d'Krankheete vun de Mënschen huet dat och kloer gesot. Fir déi normal Bevëlkerung ass de Risiko ganz geréng. Dat ass awer méiglech. De Risiko ass moderat fir déi Leit, déi an enkem Kontakt si mat Gefligel."
Baueren, déi am Alldag am direkte Kontakt mat Hénger sinn, kréie geroden, sech géingt déi saisonal Gripp impfen ze loossen. Fir d'Déieren, gëtt et bis elo keen Impfstoff. Eeër a Gefligel kënnen och weider giess ginn, soulaang se gekacht, respektiv, gebrode sinn.