"Verified by Spotify"E Krop markéiert Musek, déi vu Mënsche gemaach ass

AFP, iwwersat vun RTL
Well d'Streamingplattforme vu KI-generéierter Musek iwwerschwemmt ginn, wëllt Spotify an Zukunft fir Transparenz suergen an "echt" Kënschtler kloer markéieren.
© SCOTT OLSON/Getty Images via AFP

De Streamingdéngscht Spotify wëllt an Zukunft Musekscontenue markéieren, déi vun echte Kënschtler stamen an net duerch Kënschtlech Intelligenz produzéiert gi sinn. Entspriechend sollen d'Profiller vun echte Kënschtler e gréngen Hoke kréien, sou déi schweedesch Entreprise en Donneschdeg an engem Communiqué. De Prozess soll an den nächste Wochen ufänken.

Am Zäitalter vu KI wier et méi wichteg wéi jee, datt een der Echtheet vun der Musek, déi ee lauschtert, vertraue kéint, sou Spotify. Fir eng Verifizéierung ze kréien, musse Kënschtler ënnert anerem Aktivitéite baussent der Plattform weisen, wéi Concerten, Merchandising a verknäppt Konten op Onlinedéngschter. Fir den Ufank sollen honnertdausende Museker aus verschiddene Regiounen an ënnerschiddleche Museksrichtunge verifizéiert ginn.

Am Oktober 2025 hat Spotify 75 Millioune Lidder geläscht, déi Ki-generéiert waren. Kritiker fäerten, dass KI-produzéiert Musek nach méi d'Iwwerhand kéint kréien op de Streamingplattformen. De Service Deezer hat virun enger Woch bekannt ginn, datt entretemps 44 Prozent vun der Musek, déi bei hinnen eropgeluede gëtt, net vu Mënsche produzéiert ginn ass. De Label Sony Music hat viru kuerzem erkläert, si hätten d'Läsche vu méi wéi 135.000 Titelen aus Ki-Produktioune gefuerdert, an deene Kënschtler, déi bei hinnen ënner Kontrakt stinn, imitéiert gi sinn.

Back to Top
CIM LOGO