An dësem Artikel erkläre mer de Phänomen vum “Spoofing”, dat mat Hëllef vum Expert fir Cybersécherheet Steve Muller.
De Steve Muller erkläert Spoofing um Beispill vun engem Bréif, do kann een den Expediteur hannen op der Enveloppe ganz einfach fälschen. Fir en SMS-Absender ze fälschen, ass e bësse méi komplizéiert, mee geet awer. Operateuren ausserhalb vun Europa erlaben dat.
“Wann ee vun enger Nummer ugeruff gëtt aus dem Ausland, da steet do zum Beispill eng Lëtzebuerger Nummer. Et gëtt guer keng Méiglechkeet, fir do ze kontrolléieren, ob déi echt ass oder net.”
Rezent gouf et e gréissere Spoofing-Versuch iwwer LU-ALERT. An dësem Fall gëtt et e puer Saachen, déi een direkt skeptesch solle maachen, erkläert de Steve Muller. D’CNS géif ni eppes iwwert den LU-ALERT schécken an och de Link an der SMS féiert op eng falsch Säit. An esou Fäll soll een sech iwwer aner Kanäl ofsécheren.
Et kéint een zum Beispill op anere Medien nokucken oder och déi Persounen oder Organisatiounen, vun deenen de “falsche” Message verschéckt gouf, direkt kontaktéieren.
Wichteg wier et, esou Messagen ëmmer nees kritesch ze hannerfroen.
Et soll ee sech ëmmer d’Méiglechkeet am Kapp behalen, dass tatsächlech eng kriminell Energie hannert engem Message stécht.
“Soubal der d’Bauchgefill seet, oh dat do ass komesch, da wësst Dir, ok, jo, do ass eppes komesch an dann iwwerpréift Dir et.”