Mat klenge PannenTestfluch mat neier Versioun vu Starship-Riserakéit erfollegräich

AFP, iwwersat vun RTL
Ëmmer nees endege Starship-Tester a spektakulären Explosiounen, déi lescht Versich waren awer erfollegräich.
Das US-Raumfahrtunternehmen SpaceX hat eine neue Version seiner Riesenrakete Starship getestet. Bei dem Testflug verlief vieles nach Plan - allerdings misslang die kontrollierte Rückkehr des Boosters zur Erde.
Das US-Raumfahrtunternehmen SpaceX hat eine neue Version seiner Riesenrakete Starship getestet. Bei dem Testflug verlief vieles nach Plan - allerdings misslang die kontrollierte Rückkehr des Boosters zur Erde.
© AFP

D'US-Raumfaartentreprise SpaceX huet eng nei Versioun vun hirer Riserakéit Starship getest. Déi 124 Meter héich Rakéit ass e Freideg vum SpaceX-Stëtzpunkt um Texas ofgehuewen, gutt eng Stonn méi spéit ass deen ieweschten Deel wéi geplangt an den Indeschen Ozean erofgefall. D'Rakéit huet allerdéngs net ganz déi geplangt Ëmlafbunn erreecht, well e Moto wärend der éischter Zündung eng Feelfunktioun hat. Ausserdeem ass de kontrolléierte Retour vum Undriff op d'Äerd mësslongen.

Déi riseg Rakéit ass ëm kuerz no 17:30 Auer Lokalzäit zu South Padre Island an den All gestart. Den Testfluch war eigentlech fir en Donneschdeg geplangt. Wéinst technesche Problemer gouf de Countdown awer e puer Mol ënnerbrach - an den Test schlussendlech ëm een Dag verréckelt.

Beim Testfluch ass d'Oftrenne vum Super-Heavy-Booster nom Start vum ieweschten Deel no Plang verlaf. Ausserdeem ass den ieweschten Deel vun der Rakéit wéi geplangt am Indeschen Ozean gelant. Dogéint ass de kontrolléierte Retour vum Booster op d'Äerd mësslongen. Amplaz ass de Booster onkontrolléiert an de Golf vu Mexiko gefall.

Doriwwer eraus gouf bei engem vun de Motore wärend der éischter Zündung eng Feelfunktioun registréiert, wouduerch d'Rakéit net genee déi geplangt Fluchbunn erreecht huet. Dem SpaceX-Spriecher Dan Huot no louch d'Bunn awer nach "bannent de Grenzen, déi virgi waren".

Trotz de Pannen hu sech d'SpaceX-Mataarbechter, déi de Fluch vun der Rakéit an engem Livestream suivéiert hunn, gefreet. Och den Elon Musk huet den Test op X "epesch" genannt.

Déi 124 Meter héich nei Starship-Rakéit ass méi grouss an huet méi Leeschtung wéi hir Virgängerinnen. Se besteet aus engem ënneschte Booster an der eigentlecher Rakéit. Béid Deeler sollen eng Kéier kontrolléiert zur Landung bruecht ginn an nees benotzt kënne ginn, fir d'Käschten erofzekréien. Ëmmer nees endege Starship-Tester a spektakulären Explosiounen, déi lescht Versich waren awer erfollegräich.

Back to Top
CIM LOGO