Iwwerraschend ProposeUS-Videospill-Franchise "Gamestop" wëll Ebay kafen

AFP, iwwersat vun RTL
Gamestop an den USA huet relativ iwwerraschend eng Offer ofginn, fir déi däitlech méi héich-quotéiert Entreprise Ebay ze kafen.
© JUSTIN SULLIVAN/Getty Images via AFP

Gamestop huet eng Offer ofginn, fir den däitlech méi grousse Konzern Ebay z'iwwerhuelen. Zil wier et, e "richtege Konkurrent" fir den Online-Gigant Amazon ze schafen, erkläert Gamestop e Sonndeg. D'Entreprise bitt deemno ronn 55,5 Milliarden Dollar, also ronn 47,3 Milliarden Euro.

Schonn Ufank Februar hat Gamestop Ebay-Aktie kaf a besëtzt aktuell ronn 5% vun de Parten. Fir weider Ebay-Aktien bitt Gamestop elo 125 Dollar pro Stéck, dat wieren deemno 46% méi wéi den Duerchschnëttspräis zënter Ufank Februar. Gamestop gouf e Freideg beim Ofschloss vun der Bourse mat knappt 11,9 Milliarden Dollar bewäert, Ebay läit do bei ronn 46,2 Milliarden Dollar däitlech méi héich.

"Ebay sollt méi wäert sinn a wäert och méi wäert sinn", sou de Chef vu Gamestop, de Ryan Cohen dem "Wall Street Journal" géigeniwwer. "Ech hu wëlles, Ebay an eng Entreprise ze verwandelen, déi e puer Milliarden Dollar wäert ass". Hien hätt dann och schonn eng Zouso vun der kanadescher TD Bank fir e Kredit vun 20 Milliarden Dollar kritt. Gamestop erkläert weider, dass ee selwer och Mëttel an Héicht vu ronn 9,4 Milliarden Dollar géif besëtzen.

Ebay huet bis ewell net op d'Offer reagéiert, ma de Ryan Cohen huet schonn annoncéiert, dass wann ee sech net géif oppe fir eng Iwwernam weisen, hie sech als nächste Schratt direkt un d'Aktionäre wäert wenden.

Ebay gouf am Joer 1995 am Silicon Valley gegrënnt an huet sech an den 2000er Joren zu enger fester Gréisst am Beräich vum Online-Handel entwéckelt. Ënnert dem Opstig vun Amazon als kloer Nummer 1 beim Online-Handel huet Ebay awer an de leschte Jore massiv gelidden. Am Joer 2025 huet d'Entreprise en Ëmsaz vun 11,10 Milliarden Dollar an en Nettogewënn vun 2,03 Milliarden Dollar gemaach.

Back to Top
CIM LOGO