
Mat dëser Investitioun an och dësem neie Standuert mécht Europa e weidere Schratt, fir a punkto KI mat den USA oder China matzehalen. Fir SoftBank wier et déi gréissten Investitioun ausserhalb vun den USA, déi ee mécht.
En Deal koum bei engem Geschäftsiessen tëscht dem franséische President Emmanuel Macron an dem Chef vu SoftBank Masayoshi Son zustanen. Dem Son no géif Frankräich duerch dësen Investissement an Europa de Leader a punkto KI ginn. Aktuell leeft Europa nach dem Noen Osten, China an den USA no, wann et ëm KI-Infrastrukture geet.
SoftBank schafft un dësem Projet mat Schneider Electric zesummen, déi zu Dunkerque hire Sëtz hunn, esou d'Financial Times. Et sicht een e Site, mat deem ee souwuel Clienten zu London, Bréissel oder Amsterdam kann zerwéieren. Fir dëse Projet wëllen d'Japaner an den nächste 5 Joer 45 Milliarden Euro investéieren. Laangfristeg plangt SoftBank esouguer en Investissement vun am ganze 75 Milliarden Euro a Frankräich.
E weidere grousse KI-Projet baut déi japanesch Firma am US-Bundesstaat Ohio op.