
Den Elon Musk huet de Prozess géint den Technologiekonzern Open AI verluer. D'Geriicht a Kalifornien koum zur Conclusioun, datt seng Reprochë verjäert sinn. De Milliardär fuerdert Indemnitéiten, well Open AI hätt seng Doen detournéiert. D'Firma wier 2015 als net kommerziell Fondatioun vum Musk matgegrënnt ginn, dat mam Zil, fir d'kënschtlech Intelligenz z'erfuerschen.
De Musk hat 38 Milliounen Dollar investéiert. 2018 huet hien OpenAI, déi kuerz drop zu enger gewënnorientéierter Entreprise ginn ass, awer verlooss. Ënnert anerem mat gehéiert jo ChatGPT zu der KI-Entreprise.
De Musk seet, hie wier ugeschmiert ginn. Open AI argumentéiert, datt de Musk d'Kommerzialiséierung vun der Firma selwer virugedriwwen hätt.