Interview mam Gilles BabinetWéi eng Chancen awer och Gefore bréngt d'Kënschtlech Intelligenz

Caroline Mart
D'Kënschtlech Intelligenz war ee vun de groussen Themen um Weltwirtschaftsforum zu Davos, an ass och Thema um Neijoerschempfang vun der FEDIL.
KI-Expert Gilles Babinet am RTL-Journal
De Gilles Babinet war am Journal op der Tëlee am Interview. An do geet et besonnesch och ëm KI, also déi kënschtlech Intelligenz.

Entreprisen erhoffe sech duerch den Asaz vu der KI, datt hir Produktivitéit eropgeet, iwwerdeems beim Salariat Angscht wiisst, dass Aarbechtsplazen verännert oder esouguer ersat ginn duerch d’KI.

Gaaschtriedner vun der FEDIL ass e Mann, dee sech auskënnt: De Gilles Babinet ass de KI-Beroder vum franséisch President, Vize-President vum Conseil national du numérique, Buchauteur, Entrepreneur an enseignéiert elo Sciences Po op der Businessschoul HEC.

Hie schwätzt ganz kloer am RTL Interview iwwert Chancen, mä och d’Gefore vun der kënschtlecher Intelligenz, déi fir hien onst Liewen an all senge Beräicher net just transforméieren, mä reegelrecht revolutionéiere wäert!

De kompletten Interview mam Gilles Babinet

Interview mam Gilles Babinet
Gaascht-Riedner op der Neijoerschreceptioun vun der FEDIL war de Gilles Babinet. Hie war och am RTL-Interview.

Back to Top
CIM LOGO