Um Dënschdeg elo ass traditionell Neijoerschreceptioun bei der Fedil, der Lëtzebuerger Industriellefederatioun.

Neijoerschreceptioun vun der Fedil / Reportage Jean-Marc Sturm

Do geet vill Rieds iwwert d‘Erausfuerderungen an der Zukunft an do steet virop d‘Digitalisatioun a virun allem d‘Chancen an d‘Riske bei der kënschtlecher Intelligenz

Gaascht-Riedner bei der Fedil ass de Gilles Babinet, deen eis och dono am RTL-Interview Ried an Äntwert stoung. Hien ass ze soen den Expert fir de ganze "Secteur numérique“ an de Wee Richtung Digitalisatioun a Frankräich

Déi nei Technologien wäerte mat sech bréngen, dass mir eist Liewen anescht wäerten organiséieren: Um Niveau vun der Gesellschaft oder nach der Produktioun.

A wie Changementer beim Produzéiere seet, ass séier beim Sujet Aarbechtsplazen a sozial Kohesioun, well déi heiten technologesch Revolutioun ganz rapid wäert sinn.

Thema war och d‘Fro, ob a wéi een an der EU d‘KI kann oder soll reegelen. Den Expert Babinet mengt, dass et Reegele soll ginn, se dierfen awer net Obstacel sinn fir d‘Entwécklung vun engem villverspriechenden neien Fuerschungs-a Wirtschaftssecteur an Europa.