Experte sti virun engem RätselNiddregst Séihondpopulatioun am Wattemier zanter 2010

RTL Lëtzebuerg
Schonn dat 3. Joer hannerteneen ass de Séihondbestand am Wattemier erofgaangen. Dat obwuel et méi Jongdéiere gëtt. D'Ursaach fir d'Baisse wërft Froen op.

Zanter 3 Joer geet d’Populatioun u Séihënn am Wattemier zréck, dëst Joer ass de Bestand um niddregsten Niveau zanter 2010. An Dänemark, Holland an Däitschland wieren am August bei der järlecher Zielung nëmmen nach 22.621 Déiere registréiert ginn, wéi dat “Gemeinsaamt Wattemiersekretariat zu Wilhelmshaven” matdeelt. Dat wiere 4 Prozent manner ewéi am Summer d’lescht Joer.

D’Zuel u registréierte Jongdéieren ass dogéint am Verglach mat 2022 ëm 10 Prozent op 9.334 an allen dräi Länner, déi um Wattemier leien, eropgaangen. Déi nächst Jore wäerten dem Wattemiersekretariat no weise mussen, ob d’Entwécklung vun der Populatioun vu Jongdéieren op den Trend vum Gesamtbestand geet. Firwat dësen insgesamt ofhëlt, wier bis ewell “net eendeiteg identifizéiert”.

Ursaache vum Trend kéinten eng allgemeng Verschlechterung vun de Liewensëmstänn, d’Hausse vu mënschleche Stéierungen, d’Baisse un Narungsoffer a wuessend Konkurrenz duerch Kegelrobben, erkläert den Anders Galatius vun der Uni Aarhus am Communiqué vum Wattemiersekretariat. Dem Schreiwes no wieren awer och weider Ursaachen denkbar, wéi eng Hausse un Doudesfäll als Bäifang vun der Fëscherei oder als Fudder vun aneren Déieren.

Populatioun geet schonn zanter Joren zréck

Eigentlech ass et net ongewéinlech, datt de Bestand u Séihënn vu Joer zu Joer e bësse schwankt. Ma well d’Populatioun antëscht zanter Joren zréckgeet, ginn d’Experten dovun aus, datt d’Zuel un Déieren am Wattemier definitiv erofgeet. “Mat Bléck op de stännege Réckgang vun den Zuele kënne mir mat zimmlecher Sécherheet dovun ausgoen, datt de Bestand ofhëlt”, esou de Galatius. Deemno wiere weider Analysen iwwert dëse Phenomeen néideg.

Ënnerschiddlech regional Trends

Hanner der rezenter Entwécklung vun der Gesamtpopulatioun gouf et awer och ënnerschiddlech regional Trends. An Dänemark ass d’Zuel u Séihënn ëm 19 Prozent erofgaangen, an Holland ëm 11 Prozent an am Beräich vum Wattemier a Schleswig-Holstein ëm 5 Prozent. Am Gebitt, dat zu Niedersachsen an Hamburg gehéiert, gouf dogéint eng Hausse vu 17 Prozent registréiert.

Am meeschte Séihënn ginn et a Schleswig-Holstein (7.936), Holland (6.706) an Niedersachsen an Hamburg (5.639). D’Populatioun an Dänemark ass mat 2.268 däitlech méi kleng. Eng eenzel Kolonie gëtt et iwwerdeem op der däitscher Insel Helgoland, wou aktuell nëmmen 72 Déiere liewen.

De Séihond-Bestand am Wattemier hat sech am leschte Joerhonnert virun allem duerch d’Juegd drastesch reduzéiert. An de 70er Jore solle Schätzungen no just nach ronn 4.000 Déiere gelift hunn. Duerch intensiv Schutzmesuren hate sech d’Bestänn awer nees e gutt Stéck erholl.

Back to Top
CIM LOGO