Eise nationale Comic-Held huet zwee Pappen, deen, deen ëm seng Zich moolt an deen, deen ëm d'Wierder an de Mond leet...

Et ass de Lucien Czuga. Seng éischt kreativ Schrëtt huet en an der Publicitéit gemaach - hie war och deen éischte Pub-Concepteur am Land.

1985 ass dunn d'Aventure vum Superjhemp ugaangen an den éischte Fall mam Bommeleeër ass laang vergraff. Bis elo- d'Geschicht kritt eng nei Spezial-Editioun dëse Weekend bei dem BD Festival zu Contern.

Doriwwer an iwwer déi „eescht“ Saach mam Humor geet Riets tëscht 12 an 13 Auer an der RTL-Mëttesstonn beim Christiane Kremer, a mam Lucien Czuga als Invité.