An der Emissioun am Gespréich um Freideg iwwer Sport tëscht 12 an 13 Auer hate mir dës Woch de Laurent Didier.

9 Joer ass de Laurent Didier op héchstem Niveau bei de Profie gefuer. Als Capitaine de Route war hien ënnert anerem fir den Andy an de Fränk Schleck oder och nach fir den Alberto Contador am Asaz. Mat 34 Joer, hänkt hien elo de Vëlo un de berühmten Nol.

Wat huet hien an de leschte Joren alles erlieft a wéi gesäit Zukunft aus. Doriwwer huet hien an der Emissioun "Am Gespréich" mam Rich Simon a Gilles Muller geschwat.

AUDIO: Am Gepréich: Mam Laurent Didier

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.