"Nom 2. Concert hu mir scho misste renovéieren." sou den Direkter vun der Rockhal, deen d'Geschécker vum Sall schonn 13 Joer leet.

De fréiere Member vu Low Density Corporation, fréier ass net ganz richteg well de Projet läit nach ëmmer an engem Tirang, huet Droit zu Stroossbuerg studéiert, dunn hei zu Lëtzebuerg als Affekot geschafft fir da vun Ufank u bei der Rockhal matzewierken. Eng Decisioun déi den Invité vun "Am Gespréich" bis haut nach net bereit huet. Ee vu ville Projete vum Olivier Toth gëtt den 18. Dezember Realitéit, d'Luxembourg Music Awards. Gespréichsstoff gouf et deemno méi wéi genuch.

AUDIO: 27/11/2018 Am Gespréich: Olivier Toth

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op Radio Lëtzebuerg.