40 Joer Carrière, d'lescht Woch Concert am Atelier. Dee Schwäizer Museker bréngt Enn der Woch een neien Album eraus an ass een iwwerzeegten Europäer.

Am Gespréich goung et ëm seng Carrière: Wéi viru 40 Joer alles ugefaangen huet, wéi vill Punkrocker och haut nach an him stécht. 2019 kommen awer och 3 nei Albummen eraus, deen éischten dovun de 15. Februar. Hüh! verlängert d'Tour, mat där de Stephan Eicher elo ee Joer laang ënnerwee war. An am Summer kënnt een Album mat lauter neie Stécker drop eraus, deen eng laang Geschicht hannert sech huet, an deem säin Titel "Homeless Songs" Programm ass.

Seng Carrière, seng Musek - fréier, haut a muer - a seng Vue op Europa an dat europäescht Zesummeliewen: De Stephan Eicher goung am Gespréich dorop an.

AUDIO: De Stephan Eicher am Gespréich

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.