Zënter 6 Joer ass en als Direkter an der Pensioun, mä als Auteur huet en nach ëmmer eppes ze soen.

Gläich mat zwee Programmer ass de Claude Frisoni op Lëtzebuerg komm. Op senger Hausbühn am TOL presentéiert en den Ament seng One-Man-Show "Mais sois sans tweet", mat där en op d'Al-68er ageet an dorop, wéi si d'Welt vun haut gesinn. A vum 25. Abrëll u steet en am Stéck "Les héros sont fatigants" op der Bühn vum Théâtre national, och dat eng Uropféierung aus senger Fieder.

Wat de Claude Frisoni soss beschäftegt an intresséiert, huet en tëscht 12 an 13 Auer an eiser Emissioun "Am Gespréich" erzielt.

AUDIO: Claude Frisoni am Gespréich

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.