De Matthias Pöhm ass Rhetoriktrainer an Auteur vu Bicher wéi "Nonplusultra der Schlagfertigkeit" an neierdéngs "Erleuchtet aber keine Ahnung".

Vun der Presse gëtt en als beschte Rhetoriktrainer am däitschsproochege Raum bezeechent. Dem Matthias Pöhm seng Methode sinn aussergewéinlech a ginn dacks eng ganz aner Richtung wéi allgemeng geléiert gëtt. En ass e Rebell, dee ganz vill a Fro stellt an net un etabléierte Reegelen interesséiert ass. Recht wëllt en och net hunn, oder sech iwwert anerer stellen, ma just ëmmer dat beschte Resultat erauskréien, sou seng Ausso. De Matthias Pöhm huet mat sengem analyteschen Talent och vill Bicher geschriwwen, "Nicht auf den Mund gefallen", oder "Nonplusultra der Schlagfertigkeit", fir der nëmmen e puer ze nennen. Um Mëttwoch de Mëtteg war hie bei eis am Studio fir iwwert säin neit Buch "Erleuchtet aber keine Ahnung" ze schwätzen.

AUDIO: 29/05/2019 De Matthias Pöhm Am Gespreich


RTL

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.