Zënter dem leschten Donneschdeg leeft d'Campagne "1 vu 4" an där et ëm Mënsche geet mat psychesche Krankheeten.

© Christiane Kremer / RTL Radio Lëtzebuerg
Mat dësem Slogan lancéiert ATP, d'Ateliers Thérapeutiques et Protégés de Luxembourg, eng Sensibiliséierungscampagne. Op 4 Sitten hei am Land kréie Leit, déi eng psychesch Krankheet hunn, vun der ASBL zanter 30 Joer ënnert d'Äerm gegraff. 1 vu 4 Persounen ass am Laf vun hirem Liewen vun esou enger Krankheet betraff. De President vun ATP Jean-Paul Reuter war um Dënschdeg am Gespréich.
1 vu 4: Sensibiliéierungscampagne fir Leit mat psychescher Krankheet
D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.