1 vu 4. Mat dësem Slogan lancéiert den ATP, Ateliers Thérapeutiques et Protégés de Luxembourg, seng Sensibiliséierungscampagne.

Op 4 Sitten hei am Land kréien Leit, déi eng psychesch Krankheet hunn, vun der ASBL zanter 30 Joer ënnert d'Ärem gegraff. Déi concernéiert Persoune wieren dacks Affer vun Exklusioun, dofir gëtt d'ASBL hinnen eng Méiglechkeet, enger Beschäftegung an 18 Atelieren nozegoen a sech esou manner ausgeschloss ze fillen, besonnesch vum Aarbechtsmarché.

1 vu 4.

Domadder wëll d'Associatioun dobaussen op de Problem opmierksam maachen. Eng Persoun op 4 ass nämlech an hirem Liewen eng Kéier enger psychescher Krankheet ausgesat, erkläert de Jean-Paul Reuter, President vum ATP.

Extrait Jean-Paul Reuter

Mir hunn eng Campagne gemaach mat engem Film, wou déi Leit Positioun huelen, et si bekannte Kënschtler hei am Land, déi eleng doduercher, datt se present sinn, sech weisen, Reklamm dofir maachen, fir d’Campagne z‘ënnerstëtzen. Parallel leeft eng Sensibiliséierungscampagne op de Busser. An de Film selwer gëtt an de Kinoe gewisen. Mir hoffen ee grousse Public z’erreechen, an och ze sensibiliséieren fir déi Thematik, déi nach ëmmer net am grousse Public ukomm ass, an déi d‘Destigmatiséierung vun de kranke Leit soll erbäiféieren.

VIDEO: 1 Persoun op 4
...

Resozialiséierung

Den ATP wëll an Zukunft seng Offer nach vergréisseren. An Zesummenaarbecht mam CHNP sollen zukünfteg Aarbechtsplazen u Leit gi ginn, déi kriminell goufen, ouni awer fir hir Akte kënne responsabiliséiert ginn. Déi Leit misste bis ewell a psychiatreschen Infrastrukturen ënnerbruecht ginn, ouni Chance op Resozialiséierung an kënnen ze schaffen. Dat soll sech mam Atelier Licorne zu Miersch änneren, wou eng 12 Leit an Zukunft solle kënne schaffen.