D'Sängerin, Musekerin a Schrëftstellerin bréngt nächst Woch en neien Album eraus.

Mat 16 Joer huet si hiert éischt Buch publizéiert op Englesch. Mat 25 krut si de Servais-Präis fir hire Roman "Frigo" a Lëtzebuerger Sprooch. D'Claudine Muno schreift fir Kanner, Jonker, Erwuessener a verschiddene Sproochen, fir Bün a Buch. A si schreift Liddertexter, déi si och selwer séngt mat hire Bands "Lunaboots" a "Monophona". Nächst Woch stellt d'Claudine Muno en neien Album vir.

30/01/2020 D'Claudine Muno am Gespreich

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.