Claude Frisoni - 4. Oktober
Zënter 1995 ass an der Kultur zu Lëtzebuerg näischt méi, wéi et war. Zënterhier huet sech sou vill zum Positiven entwéckelt, datt d'Kulturliewen haut en internationaalt Aushängeschëld vun eisem Land ass. Een deen e groussen Deel dozou bäigedroen huet, ass de Claude Frisoni. 1995 war hien de Coordinateur an 2002 huet en d'Direktioun vum neie Centre Abtei Neimünster iwwerholl. Do geet en elo a Pensioun. An op der Bühn vum TOL mécht sech den Auteur an Acteur Claude Frisoni vu muer un och Gedanken iwwer déi laang Zäit, déi de gebiertege Fransous elo schonn zu Lëtzebuerg ass: Putain, déjà 35 ans!
AUDIO: Freides-Invité
Radio - Freides-Invité: Claude Frisoni beim Chr. Kremer
Kultur, Gesellschaft a Liewen - all Freideg an der Mëttesstonn.
"De Freides-Invité": All Freideg an der Mëttesstonn vun 12 bis 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg.
Am meeschte gelies