Hien ass den 10. Lëtzebuerger Schrëftsteller, dee fir säi Gesamtwierk mam Batty Weber Präis ausgezeechent gëtt.

De Lambert Schlechter ass virun allem duerch seng Gedichter bekannt, déi en an där Sprooch schreift an där hien och als Professer enseignéiert huet, op franséisch. Donieft stinn awer och Romaner a Kuerzgeschichten- deels och op däitsch- an der laanger Lëscht vu senge Wierker. Nächst Woch kritt de Lambert Schlechter säi Präis iwwerreecht, mir gratuléiere him awer schonn am Virfeld.

AUDIO: Freides-Invité: De Lambert Schlechter beim Christiane Kremer
Radio - Freides-Invité: Lambert Schlechter beim Chr. Kremer
Kultur, Gesellschaft a Liewen - all Freideg an der Mëttesstonn.

"De Freides-Invité": All Freideg an der Mëttesstonn vun 12 bis 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-Livestream op RTL.lu.