Luc Marteling

Am Internet fënnt een ënner dem Begrëff Luxembourg vrun allem d'Beschreiwung vum Grand-Duché - engem vun de kléngsten EU-Länner.
Mee ënner Luxembourg verstoppt sech nach vill méi op der Welt: Gäert, Stadtdeeler, Stroossen, Kichelcher, Caféen an an an...
40 där Explicatioune sinn elo am Buch "Luxemburg in der Welt" erëmzefannen an erzielen jiddereng op hir Manéier eng Geschicht.
De Luc Marteling ass laang a vill op de Spuere vu Lëtzebuerg duerch d'Welt gereest - iwwer seng Erfahrung an iwwer d'Buch erzielt hie méi als Invité an der Freides-Mëttesstonn.

Am meeschte gelies