Burkhard Disch
Finale vum Championnat, Spiller vun de klenge Länner, Europameeschterschaftsqualifikatioun …
… am Volleyball ass souwuel bei den Damme wéi bei den Hären an nächster Zäit eng lass. De Burkhard Disch suivéiert dat als Directeur Technique vun der Federatioun mat den Ae vum Fachmann. Dem fréieren Härennationaltrainer läit de Progrès vum Lëtzebuerger Volleyball um Häerz. Mir schwätze mat him iwwer déi positiv Entwécklunge vun de leschte Joren a kucken, wou nach wichteg Stellschrauwe fir déi sportlech Zukunft sinn. De Burkhard Disch war dëse Freideg ëm 13.30 Auer Invité am Radio Sport Club.
Radio-Sport-Club: all freides vun 13h30 bis 14h op RTL Radio Lëtzebuerg an op RTL.lu. An dono am Replay op RTL.lu (Video an Audio).

© pressphoto.rtl.lu - Roland Miny