Déi 2 bescht Equippe vertriede Lëtzebuerg an der Final am Februar 2023 an Italien

RTL-Business 30.9.2022

Tango a Zero Latency lancéieren déi alleréischt Virtual Reality Liga. Zero Latency, déi et och um Mierscherbierg ginn, si spezialiséiert op souzesoen de nächste Level vum e-gaming a vun der VR: et kann ee sech kabellos an engem “free roam” an enger virtueller Realitéit beweegen a spillen! Et daucht ee souzesoen an d’Spill an an ass en Deel dervun!

Den 18. September gouf d‘VR Liga lancéiert mat Tango als Haaptsponsor fir Lëtzebuerg. 16 Equipe mat 3 bis 5 e-gamer triede géinteneen un. Déi zwou bescht Equippen aus dem Land, vertriede Lëtzebuerg dann am Spill Sol Raiders an der Final am Februar d‘nächst Joer géint déi zwou bescht aus Italien zu Mailand. Déi Matcher ginn op 2x 15 Minutten op 200 m2 ausgedro a gi live op Twitch iwwerdroen.

Méi Infoe ginn et och an de soziale Medie vun Tango a Zero Latency.

http://www.instagram.com/vrleaguelu/

http://www.facebook.com/Vrleaguelu