Den "Hôtel de la Frontière" zu Fréiseng ass elo den "Foyer Diderrich op der Grenz".

Den neie Centre de Jour vun der Stëftung Hëllef Doheem gouf virun enger gudder Woch zu Fréiseng ageweit. Den "Foyer Diderrich op der Grenz" war fréier den "Hôtel de la Frontière" deen de Besëtzer der Stëftung iwwerlooss huet. Nieft engem Hëllef- a Fleegezentrum entsteet hei och en Centre de jour. D’Raimlechkeete vum Hotel goufe gemitterlech an a schéin ageriicht, sou kann een sech hei wuelfillen.

Nach e flotten Highlight ass d‘Keelebunn, déi bei Munchem al Erënnerungen opliewe léisst.

De Centre du jour ass vu Méindes bis Samschdes a bitt deen ideale Kader fir therapeutesch Eenzel- oder Gruppenaktivitéiten, natierlech ënnerstëtzt vun héich qualifizéiertem Personal.

Business News - Stëftung Hëllef Doheem - Mëttwoch 12/10/2022