Betraffe Persounen a Sécherheet bréngenAXA garantéiert een Ersatz-Logement am Fall vun haislecher Gewalt

Joël Schaus
AXA beschützt net just äert Doheem, mee och d'Leit, déi doranner liewen.

Wëll een d’selwecht wéi am Fall vun engem Brand oder enger Iwwerschwemmung, och am Fall vun haislecher Gewalt net méi doheem wunne bleiwe kann, huet d’AXA hir Hausversécherung weider ausgebaut.

An zwar automatesch, a gratis.

Si ënnerstëtzen elo Victimmen, egal ob weiblech oder männlech, déi ënnert esou engem Fall leiden:

Si garantéiere vun elo un een Ersatz-Logement fir di betraffe Persoun.

Dëst soll der direkter Sécherheet vun der Persoun déngen, wärend een zesumme mam Hëllefssystem a Lëtzebuerg un enger mi laangfristeger Léisung schaffe kann.

Wat een hei ze gutt huet a wéi genee dat ganzt funktionéiert fënnt een op AXA.lu

Business News Härespënnchen & AXA 22.10.2025

AXA.lu
Violence.lu - Ënnerstëtzung fir Affer an Täter am Fall vun haislecher Gewalt
Femmes en détresse A.S.B.L. - Hëllefsdéngscht fir Affer vun haislecher Gewalt
Profamilia.lu - Ënnerstëtzungsdéngscht fir Betraffener vun haislecher Gewalt

Back to Top
CIM LOGO