
Geschter den 01. Abrëll 2025 huet de Päiperlecksgaart dann och seng Dieren erëm opgemaach, an dat mat villen neie Saachen!
Lescht Joer ass e scho renovéiert ginn an 2024 haten se mat iwwer 50 000 Visiteuren e Rekordjoer. Fir dëst Joer sinn dann och d’Informatiounspanneauen nei duerchduecht ginn mat neie Visueller an engem gratis Audio-Guide a 4 Sproochen. De Päiperleksgaart gëtt da jo och en Atelier d’inclusion professionelle fir Leit mat intellektueller Aschränkung, wat een och am Guide méi détailer kritt. Nieft dem Gaart selwer gëtt et och e Shop mat Produiten aus aneren Atelieren an eng Brasserie fir epuer gemittlech Momenter, och op der Terrasse.
Reservéiert elo mat vereinfachtem Reservatiounssystem op papillons.lu.