
Dëse Samschden ass déi 11. Editioun vun der Nuit du Sport, an dëst Joer esouguer an 31 verschiddene Gemengen uechtert d’Land. D’Iddi vun der Nuit du Sport ass et de Leit verschidde Sport- a Beweegungsaktiviteite méi no ze bréngen, awer net nëmmen! D’Nuit du Sport ass virun allem e Fest fir d’ganz Famill, vu 0-99 Joer, fir all sportlech Konditioun an all Hierkonft. Ugebuede ginn eng Ronn 200 verschidde cool, originell an extra Aktivitéite wéi zum Beispill Bubble Football, Night-Cycling, Teqball oder Parkour. Et ass also fir vill Freed, Spaass a gutt Iesse gesuergt. Kommt spontan muer laanscht op eng oder méi vun deenen 31 verschiddene Plazen am Land. All Info a Programmer fannt der op nuitdusport.lu