Eng séiss Neiegkeet "Made in Luxembourg"Den éischte lëtzebuergesche Pudding vun "D'Fair Mëllech"

IPL
2 Varianten: Schockela oder Vanill am prakteschen 150g-Becher

20/12/2023 Business News

Eng séiss Neiegkeet “Made in Luxembourg": D‘FairKoperativ bréngt ënnert dem Label „D’fair Mëllech“ den éischte lëtzebuergesche Pudding op de Maart.

Dee gëtt et elo an zwou Varianten: Schockela oder Vanill am prakteschen 150g-Becher. Produzéiert gëtt de Pudding an der Molkerei Thiry mat frëscher OGM-fräier Mëllech, an nëmmen natierlechen Zousätz. De gudde, frësche Pudding kritt dir elo an all Supermarché, getrei hirem Motto „D’fair Mëllech, fair fir mech a fir dech!”

fairmellech.lu

Back to Top
CIM LOGO