
D’Librairie des Lycées ass eng allgemeng Librairie déi op Schoulartikele spezialiséiert ass an zënter méi wéi 30 Joer um Lampertsbierg existéiert.
D’Sabrina an de Frédéric hunn der Librairie e neit Liewen agehaucht a moderniséiert andeems sinn nei Aktivitéiten an Déngschtleeschtungen agefouert hunn, réng nom Motto: Mir sti fir Authentizitéit, Mënschlechkeet a sinn no bei de Clienten.
D’Librairie des Lycées ass zënter 2018 vum Bildungsministère fir de MyBooks-System an d’gratis zur Verfügung stelle vun de Lycées Bicher zougelooss.
Eng Reservéierung ass ganz einfach: Dir schéckt den MyBooks-Code oder Är Lëscht un librairiedeslycees@gmail.com.
Schüler, Elteren a Léierpersonal kennen hei och hiert Schoulmaterial, Rucksäck vu bekannte Marke fannen.
D’Librairie des Lycées ass 7 Deeg an der Woch op a leescht en héich qualitative Service um Client.