
Domaines Vinsmoselle huet elo offiziell matgedeelt dat de Vin de paille 2024 gepresst gouf. De Kellermeeschter Matthias Lambert ass immens zefridde mat der Qualitéit vun den Drauwen, déi a Kierwercher déi Loft duerch loosse gedréchent goufen. Den Numm Vin de Paille usech kënnt vun der traditioneller Method, bei där d’Drauwen op Stréimatte gedréchent goufen.
De Vin de Paille ass e séisse Wäin, dee fir seng intensiv Aromaen a seng Komplexitéit um Gaum bekannt ass. Säi vollt Potential entfaalt sech bei enger idealer Drénktemperatur vun ongeféier 10 °C. Fir ongeféier 15 Liter Vin de Paille produzéieren ze kennen, brauch een am Duerchschnëtt 100 kg Drauwen – also e richtegt Goldstéck vun Domaines Vinsmoselle.
