
Bei Vinissimo fannt Dir iwwer 50 Wäiner vu ronn 10 verschiddenen Domainen aus der Regioun Veneto. Dorënner och déi prestigiéiste Fläsche vu Valpolicella & Amarone mat hire mëllen Aromen an engem außergewéinleche Lagerpotenzial.
Wien den direkte Kontakt mam Wënzer gär huet de ka bei Vinissomo d’Domaine Allegrini bei enger Wäindegustatioun kenne léieren den 23 a 24. Februar.
Den 23. besteet esouguer d’Méiglechkeet d’Wäiner mat engem ugepasste 6 Gäng-Menü an den Erklärungen vun engem Representant vum Domaine ze genéissen.
Fir méi Infoen an d’Offeren gitt op vinissimo.lu.