Op Lëtzebuergesch an a villen anere SproochenGratis Computercoursen vun der Digital Inclusion Asbl

IPL
Gitt autonom an der digitaler Welt

17/11/2023 Business News

Digital Inclusion Asbl offréiert gratis Computercoursen, an dat op Lëtzebuergesch an a villen anere Sproochen. Et ginn 3 verschidde Cours’en an Niveau’en. D’Zil ass et méi autonom an der digitaler Welt ze ginn, an esou vun de ville Virdeeler ze profitéieren. Den éischte Cours ass fir Ufänger. Hei léiert Dir mat Windows a mat Email ëmzegoen.

An hirem zweete Cours kritt ee bäibruecht, wéi een ni méi Passwierder vergësst, Fotoen a Fichier’en an der Cloud ze geréieren, a villes méi. An am drëtte Cours weise si Iech wéi Dir mat MyGuichet an aneren lokale Plattformen schafft, an esou vill Zäit am Alldag gewannt! All d’Coure vun Digital Inclusion si gratis a si sinn direkt nieft der Gare an der Stad. A wann Dir Leit kennt, déi sech kee Computer kënne leeschten, da schéckt si och bei si!

Finanzéiert gëtt d’Digital Inclusion Asbl vum Ministère de la Famille, de l’Intégration et de la Grande Région. All Infoe sinn op www.digital-inclusion.lu

digital-inclusion.lu

Back to Top
CIM LOGO