
De Lëtzebuerger Wënzer Cedric Meyer produzéiert zanter iwwer 20 Joer zu San Gimignano héichwäerteg Wäiner an Olivenueleg. Op 3 Hektar entsti ronn 8.000 Fläsche Wäin am Joer.
Vum 8. bis 30. Dezember fannt Dir « il Borraccio « an der Groussgaass 36–38, Centre Brasseur, vu Méindes bis Samschdes vun 11:00 bis 6 Auer.
Do kann een dem Cedric seng ganz Produkter schmaachen, a sech e Stéck Toskana mat heem huelen.
Wien wëll, ka souguer seng nächst Vakanz beim Cedric zu San Gimignano plangen, a den Alldag géint Sonn, Wéngert a Zypressen tauschen.
All weider Infoe fannt Dir op ilborraccio.com oder op Facebook ënner „Il Borraccio by Cedric Meyer“ – perfekt fir all, déi handwierklech Qualitéit an italieenescht Liewensgefill gär hunn.