
De 16.Oktober presentéiert Protransplant am Kader vum internationalen Dag vun der Organspend eng nei visuell Identitéit.
Dës frësch Identitéit soll de grousse Public nach méi uspriechen a soll den Elan an d’Engagement vun der Organisatioun nach méi ënnersträichen!
Protransplant gouf 2011 gegrënnt an ënnerstëtzt Leit an hier Famillen déi en neit Organ brauchen!
Si informéieren a stinn hinnen a schwéieren Deeg zur Säit!
Donieft setzt Protransplant sech dofir an d’Ëffentlechkeet fir d’Bedeitung vun der Organspend ze sensibiliséieren, déi Liewe rette kann!
Informéiert Iech op www.protransplant.lu.