Fakten, Meenung oder Interpretatioun
Am Face-à-face mam Fred Keup a Serge Tonnar goung et ëm Fakten a Meenungen.
Zwee Männer mat dacks verschiddenen Usiichten: den ADR-Fraktiounschef Fred Keup an de Kënschtler Serge Tonnar stounge sech e Mëttwoch de Moien hei op RTL an engem Face-à-face géintiwwer. Béid ware sech eens, datt et hei am Land un enger Debattekultur feelt an hunn d’Invitatioun deemno ugeholl, fir eng Kéier ëffentlech mateneen ze debattéieren.
Ugefaangen huet et mam Lidd "De Fakte Fred" – oder Satire ewéi de Serge Tonnar et selwer nennt - wou de Kënschtler de Fred Keup ferm kritiséiert. De Serge Tonnar, deen och Member bei déi Lénk ass, mee a sengem eegene Numm geschwat huet, huet erkläert, firwat hien d’Stéck geschriwwen huet: Dat Lidd war eng Reaktioun op d’Reaktioun vum Fred Keup op Froen an engem Interview um 100,7 wärend dem Europawalkampf. Hie gouf iwwert e Symbol, dat säi Parteikolleeg Dan Hardy op Whatsapp benotzt huet, wat awer och Leit benotzen, déi vum däitsche Verfassungsschutz observéiert ginn. De Fred Keup huet deemools d’Fro vum Journalist als Meenung bezeechent.
E Mëttwoch de Moien hei op RTL huet den ADR-Fraktiounschef awer erkläert, datt dat Symbol aus der Nokrichszäit kéim an deemno net vun de Nazie kéint sinn. D’Symbol wier wärend dem Covid vu Leit benotzt ginn, déi net averstane ware mat verschiddene Mesuren. Dem Serge Tonnar no géing et haut awer nach Nazie ginn, dem Fred Keup no "gott säi Dank" net méi an et wier a sengen Aen net gutt, wann een einfach Vergläicher mat den Nazien hire Grausamkeeten zitt. Fir de Fred Keup wier d’Symbol deemno "interpretéiert".
Als ADR-Fraktiounschef a Geograf géing hien a senger politescher Aarbecht ëmmer probéieren, alles "mat Fakten ze beleeën". Als Beispill huet hien d’Lëtzebuerger Sprooch geholl: d’Zuele vum Statec weisen, datt se proportional ofhëlt a wann een kuckt, wou se geschwat gëtt esouguer an absolutten Zuelen. De Serge Tonnar huet hei d’Zuelen awer och selwer anescht interpretéiert – et géing der Lëtzebuerger Sprooch esou gutt goen ewéi nach ni – a wa se géing verschwannen, wier et och net schlëmm, well eng Sprooch kee Selbstzweck wier. An deem Sënn huet hien d’Approche vun der ADR, fir d’Sprooch wëllen ze stäerken, kritiséiert, well hien der Meenung ass, datt eng Sprooch do wier, fir Brécken ze bauen. Hien huet och dorobber opmierksam gemaach, datt seng Lidder op Lëtzebuergesch sinn an d’Buch vum Fred Keup an dem Tom Weidig op Däitsch.
De Fred Keup sot also, Fakte wieren him wichteg, mee Meenungen awer och. Zum Beispill kéint eng Persoun soen, wa se mengt, d’Äerd wier platt. Och wann dat natierlech falsch ass. Meenungsfräiheet a Beleidegunge misst een awer vuneneen trennen. Dowéinst hat hien deemools eng Plainte géint d’Lidd "FCK LXB" vum Serge Tonnar sengem Jong gemaach. Recht krut hie wéinst der "Kënschtlerfräiheet" viru Geriicht awer net.
Bréngen dann esou Lidder géint d’ADR iwwerhaapt eppes? Nom Stéck vum Serge Tonnar an engem Appell vun 170 Kënschtler, fir d’ADR net ze wielen, krut d’ADR mam Fernand Kartheiser hiren éischten Europadeputéierten. De Serge Tonnar huet gemengt, datt d’ADR vläicht ouni déi Aktiounen zwee Sëtz kritt hätt. De Fred Keup huet betount, datt et zu Lëtzebuerg méi ewéi 1.000 Kënschtler gëtt an déi meescht d’Aktioun net matgemaach hunn, respektiv fir seng Partei gestëmmt hätten.