D'Sonndesaarbecht an d'Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten am Commerce suergen aktuell fir vill politesch Diskussiounen. Ma wat soe concernéiert Leit?

Face-à-face: Nora Back vs Arsène Laplume

D’Sonndesaarbecht an d’Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten am Commerce suergen aktuell fir vill politesch Diskussiounen. Ma wat soe concernéiert Leit, entspriechen dës Gesetzprojete wierklech enger reeller Demande? An engem Face-à-face hunn um Donneschdegmoien d'OGBL-Presidentin Nora Back an de Generaldirekter vum Shopping Center Massen, Arsène Laplume, mateneen diskutéiert.

D'Nora Back huet sech ganz zefridde mat de rezenten Avise vum Staatsrot zu deenen zwee Gesetzesprojete gewisen, déi hätten och vun de Gewerkschafte kënne kommen. Mat Bléck op d'Sonndesaarbecht huet den Arsène Laplume sengersäits bedauert, datt d'Gewerkschaften a Kollektivverträg mëttlerweil eng méi wichteg Roll géinge spillen. Fréier wier ee sech mat sengem Personal eens ginn an d'Leit wiere manner dacks 8 Stonnen am Stéck schaffe komm, ma op eemol wier vun den deemolegen LSAP-Aarbechtsministeren Dan Kersch a Georges Engel op d'Gesetz gepocht ginn an d'Salariéen hätten ee wäiten Trajet musse maachen, fir nëmme 4 Stonnen ze schaffen.

Noutwennegkeet vu Kollektivverträg gëtt a Fro gestallt

D'OGBL-Presidentin huet op d'Gesetz verwisen, dat ebe laang net respektéiert gi wier. Et géing ee sech als Gewerkschaft och net generell géint d'Sonndesaarbecht wieren, mee dat sollt duerch Kollektivverträg encadréiert ginn. Op deene Plazen, wou aktuell méi wéi 4 Stonne sonndes geschafft gëtt, géing schonn ee Kollektivvertrag existéieren.

Den Arsène Laplume huet dorobber verwisen, datt d'Weekender an der Zäit extrem wichteg fir den Ëmsaz vun de Shoppingzenteren am Norde vum Land gewiescht wieren. Virun 20 bis 35 Joer hätt den Ëmsaz op engem Sonndeg bal 40 Prozent ausgemaach, haut wier et manner wéi d'Hallschent. De Generaldirekter vum Shopping Center Massen huet dann och a Fro gestallt, datt et wierklech Gewerkschafte brauch, fir Kollektivverträg auszeschaffen, ëmmerhi géing d'Politik jo schonn ee gesetzleche Kader virginn. D'Nora Back huet entgéint, datt dee Kader d'Salariéen duerch de Mindestloun awer just no ganz ënnen ofséchert. An dobäi géing de Mindestloun net duergoen a wier a Saache Kafkraaft deels schonn ënnert dem Niveau vun den Nopeschlänner, zum Beispill am Verglach mat Däitschland.

Och mat Bléck op d'Nofro vun der Ouverture vun de Geschäfter op engem Sonndeg sinn d'Meenungen auserneegaangen. Dem Arsène Laplume no hätt de Sonndeg net méi déi besonnesch Stellung wéi viru 50 oder 60 Joer, well d'Kierch eng vill manner grouss Roll am Liewensalldag vun de Leit spille géing. Der Nora Back no géing et net dorëms goen, datt d'Leit an d'Masse kënne goen, mee datt se hiren Alldag gestemmt kréien an zum Beispill d'Betreiung vun hire Kanner garantéiert ass.

Sinn d'Leit méi krank oder ass et eng Fro vun der Astellung?

Net op enger Wellelängt ware béid Invitéeën och beim Thema vum Absenteismus. Der Nora Back no wier et net wouer, datt et haut vill méi Abuse gëtt wéi an der Zäit. Den Arsène Laplume huet sengersäits op den héijen Defizit bei der Caisse nationale de la santé verwisen. D'OGBL-Presidentin huet a Fro gestallt, datt deen Defizit op den Absenteismus zeréckzeféiere wier. Si huet par Konter gemengt, datt wann et an engem Betrib ee besonnesch héijen Taux un Absenteismus gëtt, da misst de Patron sech mol selwer d'Fro stellen, firwat dat esou ass. Dat wollt den Arsène Laplume net gëlle loossen, et géing net un den Aarbechtskonditiounen, mee vill méi un der Astellung, grad vun deene ganz jonke Leit, leien. Fir d'Nora Back wier dat eng Verallgemengerung, et géing iwwerall schwaarz Schof ginn, mee et dierft ee keng generell Juegd op krank Salariéeë maachen. Si wollt och d'Kritik vum Arsène Laplume net gëlle loossen, datt vill Fraen eng Schwangerschaft als Virwand huele géingen, fir sech krank ze mellen.

Dono gefrot, wat fir een Impakt eng Erhéijung vum Mindestloun hätt, huet den Arsène Laplume gemengt, dovu wier säi Betrib schonn impaktéiert, och wann et net dee gréissten Deel vun der Masse salariale ausmaache géing. Et géing awer och d'Gefor bestoen, datt doduerch d'Präisser vu verschiddene Produiten, notamment Liewensmëttel, an d'Luucht ginn an dowéinst manner konsuméiert gëtt. Der Nora Back no kéint eng Erhéijung vum Mindestloun ni dozou féieren, datt d'Kafkraaft erofgeet. Et bräicht déi Mesure, dat géing sech schonn eleng dorunner weisen, datt Lëtzebuerg ee vun den héchsten Tauxe bei de Working poor huet, also bei Leit, déi finanziell Problemer hunn, obwuel se enger Aarbecht noginn.

Den Arsène Laplume war a senger Funktioun als Geschäftsmann invitéiert, en ëffentlecht Mandat als Vertrieder vum Patronat huet hien net.