RTL-AfterworkDen entspaanten Interview, dës Woch mam Djuna Bernard

Patrick Greis
Déi gréng Deputéiert Djuna Bernard huet keen trauregt Liewen.
© Patrick Greis

Am ‘Café des artistes’ beim Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel gëtt ee gewuer wéi d’Eenzelkand bei ‘Déi Jonk Gréng’ a mat 26 Joer an d’Chamber koum.

Mir héiere wéi Si no de verluerene Wale mam Sam Tanson am Schwarzwald d’Wonne bei roudem Wäin geleckt huet. Et geet ëm en Trip op Amsterdam mat hirer Mamm an eng Weltrees wou se zimmlech no bei engem sténkegen Elefant erwächt ass.

Mat der Grande-Duchesse an der Kees vum Supermarché, vill Kiloen manner, an eng Hallefschwëster an Holland si weider spannend Geschichten aus hirem Liewen. Piano: Marc Schmidt.

Wann der am “Café des artistes” beim nächsten Enregistrement wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

De komplette Podcast fannt Dir op iTunes, Spotify an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO