
Dat aromatescht Blat kënnt vun enger spezieller Zitrusplanz, déi virun allem a Südostasien wiisst. Besonnesch an Asien gehéiert et zu de klassesche Kichenaromen. D’Blieder falen direkt op: si si donkelgréng, blénkeg an hunn eng aussergewéinlech Form. Wann ee Kaffirblieder tëscht de Fangeren zerdréckt, gëtt direkt en intensive Geroch fräi: frësch, zitrouneg a liicht exotesch. Genee dëse Geroch mécht se esou beléift an der Kichen. De Spëtzekach Pit Wanderscheid:
Haaptubaulänner sinn Thailand, Indonesien, Malaysia an de Laos an et ass am Fong d’Lorbierblat aus Asien. Dat ass dacks e Gewierz, wou d’Leit soen - ma wéi kritt een dann dee gudde Goût an déi Stewen, an déi asiatesch Platen? Ma et ass exakt dat, wat den Ënnerscheed mécht. Den Ënnerscheed ass deen, dass d’Kaffir Blat och frësch importéiert gëtt. Dat mécht och e méi héije Präis aus, well et eng logistesch Erausfuerderung ass, dat Blat vu Süd-Ost-Asien bis eriwwer an Europa ze kréien, well et kann een sech jo virstellen dass dat gekillt muss transportéiert ginn a wann et bis hei ass, da kacht een dat einfach mat.
An der asiatescher Kichen ginn d’Blieder meeschtens net komplett matgiess, mee si ginn an d’Plate matgekacht, fir hire Goût ofzeginn. Besonnesch a Curryen, Zoppen oder Wok-Plate brénge si eng frësch, aromatesch Nout eran.
Et ass jo d’Blat vun der Kaffir-Limette. Dës Limette huet quasi keen Eegejus an ass ganz dréchen, dofir ass se fir den individuelle Verbrauch komplett oninteressant. Si ass och relativ batter. Awer wat interessant ass, sinn eben déi aromatesch Blieder. Et ginn awer och Länner z.B. Malaysia an Indonesien, wou d’Kaffir-Limette mat gekacht gett, well se eben net ewechgehäit gëtt, ma hei an der Gastronomie fënnt éischter d’Blat seng Plaz.
Wat vill Leit net wëssen: Kaffirblieder kënnen och an eiser Kichen interessant sinn. Se passen net nëmme bei asiatesch Platen, mee ginn och heiansdo benotzt fir Zoossen, Fësch oder souguer Desserten eng frësch Zitrusnott ze ginn.
Schonn eng kleng Dosis, een oder zwee Blieder an engem Ragout oder engem asiatesche Stew, oder einfach am gebrodene Räis, gi schonn duer fir e ganze Plat z’aromatiséieren. An et ass eben dee ganz douce Goût vum Kaffir Blat, deen awer esou wichteg an essenziell an der asiatescher Kichen ass.
Nieft der kulinarescher Notzung hu Kaffirblieder och eng laang Traditioun an der Naturheelkonscht. Si enthalen ätheresch Ueleger, déi als erfrëschend a berouegend gëllen. Traditionell ginn d’Blieder ënner anerem benotzt fir d’Verdauung z’ënnerstëtzen oder fir Téi ze maachen. Och an der Haut- an Hoerfleeg fënnt ee se heiansdo, zum Beispill an traditionelle Shampoingen oder Kraiderbieder.