Op de Punkt gewierztBounekraut – de klengen Held aus der Kichen

Michèle Schons
Et gëtt Gewierzer, déi erkennt ee scho vu wäitem. Rosmarin. Basilikum. Thymian. An da gëtt et déi, déi éischter am Hannergrond bleiwen - an awer feelen, soubal se net do sinn. D'Bounekraut ass esou e Kraut.
© pixabay

Bounekraut – de klengen Held aus der Kichen

Op den éischte Bléck ass d'Bounekraut zimmlech onscheinbar. Kleng gréng Blieder, kleng wäiss oder hellrosa Bléien. Awer soubal et an de Kachdëppe kënnt, weist et, wat an em stécht. Net ëmsoss dréit et säin Numm. Zanter Generatioune gehéiert Bounekraut bei Bounen einfach derbäi. Net nëmmen, well et mat sengem liicht pefferegen, waarmen Aroma perfekt dozou passt, mee och well vill Leit drop schwieren, datt Bounen domat e bëssen "méi liicht" ginn. De Spëtzekach Pit Wanderscheid:

Iwwer d'Verdauung léisst sech elo streiden, mee op alle Fall gehéiert et dran, laut den ale Rezepter. An ech mengen do ass et och richteg. Bounenkräitche verdréit sech exzellent, mat alles wat Hülsefrüchten ass. Dat heescht, ob et elo eng Lënsenzopp ass, ob et déi Eintöpfe sinn. Jo, mir benotzen et hei zu Lëtzebuerg als e wanterlecht Kraut, woubäi et oft mëssverstane gëtt, denken ech, well et ass fir mech an der Kategorie vum Thymian, vum Rosmarin an et gouf fréier de Peffer vum aarme Mann genannt, well de Peffer war eppes relativ Deieres, et ass jo haut och nach en deieren Accessoire, awer fréier duerch dee liicht pefferege Goût vum Bounekräitschen, deen et hannendrun huet, gouf et ganz oft als Pefferersatz benotzt.

Dobäi kann d'Bounekraut vill méi wéi just Bounen. Et passt och zu Gromperen, Pilzen, Courgetten oder an e Geméisragout. Esouguer Fleesch- a Wurschtplaten kréien duerch e puer Blieder eng flott, wierzeg Nout.

Mir kennen et hei am Land bei Judd mat Gaardebounen, do dierf et net feelen, bei de Saubounen als Gewürz. An der Bouneschlupp, awer a Frankräich zum Beispill am Cassoulet. Et ass een Deel vun den Herbes de Provence. Dat heescht, wa mer am Summer lo eng gutt Kotlett iessen um Grill, jo dann ass d'Bounekräitche guer net esou wäit ewech, obwuel mir et net direkt domadder associéieren. An dann hu mer awer och natierlech am Québec, am Kanada gëtt Bounekräitche giess. Do gëtt et zum Beispill e Plat, deen heescht Fèves au Lard an der franséischer Regioun. Do gëtt mat Ahornsirop, Bounen an déckem Speck gëtt esou en Eintopf gemaach.

D'Bounekraut huet och eng laang Geschicht. Schonn an der Antique gouf et kultivéiert an als Kichekraut geschätzt. Méi spéit huet et och säi Wee an d'Klouschtergäert fonnt, wou Kraider net nëmme fir de Goût, mee och fir d'Gesondheet ugebaut goufen.

Wéi vill aner Kraider si mer do rëm natierlech gutt an eiser Verdauung, dat verhënnert et déi typesch Bläungen, zum Beispill nodeems Bounen giess gi sinn, dofir fënnt et sech och ganz oft och an deene Platen rëm, dann natierlech antiseptesch, dat heescht also entzündungshemmend, krampfléisend fir Mo-Darm an dann och fir den Houscht, dat heescht, ech ka mer mat Sariette, Bounekräitchen e flotten Téi maachen, deen Téi ass dann och ganz gutt fir de Mo a schläimreduzéierend.

An haut? Haut ass et vläicht net dat Gewierz, un dat een als Éischt denkt. Mee wien et am Gaart huet, weess: Et ass eng dankbar Planz. Si brauch vill Sonn, net ze vill Waasser, an am beschten pléckt een se kuerz virun der Bléi. Genee dann ass hiren Aroma am stäerksten.

Pit Cooks The World

Back to Top
CIM LOGO