
E Goût, deen hänke bleift
Hien ass kleng, bal onscheinbar – an awer ee vun de wäertvollste Gewierzer op der Welt: de Kardamom. Soubal een déi kleng gréng Kapselen opmécht, entwéckelt sech en intensiven Doft: frësch, liicht séiss an e bësse schaarf. En Aroma, deen eis vun orientalesche Mäert bis an nordesch Bäckereie mathëlt. De Spëtzekach Pit Wanderscheid erkläert:
Elo mat deem ganze Wandel déi lescht 10 bis 20 Joer an der Gastronomie, awer och an eisen Iessgewunnechten, si mer vill méi oppe ginn an dat ganzt Joer gëtt de Kardamom ganz vill benotzt. Mir fannen en hautdesdaags an enger arabescher Kichen, wou e schonn ëmmer heemesch war an déi huet sech och ganz vill an eise Géigenden etabléiert, awer och an der indescher Kichen.
De Kardamom huet säin Ursprong a Südindien a Sri Lanka. Do wiisst en a fiichten, tropesche Biergbëscher a gëtt bis haut meeschtens mat der Hand recoltéiert. All eenzel Kapsel zielt. An der traditioneller Medezin gouf e bei Verdauungsproblemer, héijem Bluttdrock an esouguer Depressiounen agesat. E passt awer net an all Plat.
Nee, effektiv net, et ass éischter spezifesch mat deene Richtunge vun der Kiche verbonnen. En ass ganz kloer an der Geméiskichen an och an deene verschiddene Curry’en mat dran. Awer e kombinéiert sech och ganz gutt - an dat hu mir, déi grouss Pâtissieren, déi grouss Chocolatieren fir eis entdeckt - am séisse Beräich. Kardamom mat Schockela kombinéiert, Kardamom mat Friichten ass e richtege Game-Changer a sollt jiddereen doheem eng Kéier probéieren.
Säin Aroma ass komplex: Notte vun Zitrus, Eukalyptus, eng douce Séisst an eng dezent Schäerft am Ofgang. Dat mécht de Kardamom esou villsäiteg. Wierklech intensiv gëtt en eréischt, wann een e frësch zerdréckt.
Also wann een un der Kapsel selwer richt, geschitt net vill. Wann ee se dann tëscht de Fangeren opdréckt, mierkt een, dat ass en Ënnerscheed wéi Dag an Nuecht a wa mer en dann nach mörseren an deem Ganzen e klengen Ustouss ginn an et liicht der Hëtzt aussetzen, dann hu mer wierklech e Parfum, dee sech ausbreet. A Parfum ass dat richtegt Stéchwuert, well de Kardamom ass esou intensiv, dass en och an der Parfumsindustrie seng Plaz huet. Dat ass och nees e Game-Changer, dat sinn déi Klengegkeeten déi et ausmaache, wann ee wëll authentesch kachen an och déi Goûte wëll kréie, wéi aus dem Restaurant oder aus der Vakanz.
Ob am Gebäck, am Curry oder souguer am Kaffi – Kardamom ass e Gewierz, dat Geschichten erzielt. Vu senger Hierkonft, vu Gedold, vu richteger Handaarbecht. An heiansdo geet et genee dorëms: datt eng kleng Prise genuch ass, fir e Plat ganz besonnesch ze maachen.