E klengt Gewierz mat grousser Geschicht Op de Punkt gewierzt - Muskotnoss

Michèle Schons
Fréier war se méi wäertvoll wéi Gold, haut ass se aus der Kiche kaum fortzedenken - d'Muskotnoss verbënnt joerhonnertenal Handelsgeschicht mat intensivem Aroma a verlaangt bis haut Respekt an der Doséierung.
Muskotnoss
Muskotnoss
© pixabay

Fréier war se méi wäertvoll wéi Gold, haut ass se aus der Kiche kaum fortzedenken - d’Muskotnoss verbënnt joerhonnertenal Handelsgeschicht mat intensivem A

Si ass kleng, ronscheleg an onscheinbar - an awer gehéiert se zu de stäerkste Gewierzer vun der Welt: d’Muskotnoss. En Hauch dovunner geet duer, dass Gromperepüree, Bechamelszooss oder Spinat Déift, Wäermt a Charakter kréien. Dobäi war d’Muskotnoss net ëmmer alldeeglech. Am Mëttelalter war se méi wäertvoll wéi Gold. Wie se hat, huet Muecht demonstréiert, Räichtum a Weltoppenheet. D’Noss kënnt nämlech vun de Banda-Inselen an Indonesien. Joerhonnertelaang hu Kolonialmuechte versicht, de Monopol iwwert dat Gewierz ze kontrolléieren, deels mat brutale Mëttelen. Ma och haut nach gëllt: Manner ass méi. De Spëtzekach Pit Wanderscheid:

Wousst du zum Beispill, dass ganz fréier fir d’Britten an der Kolonialzäit d’Muskotnoss esou en héije Wäert hat, dass se bei den Hollänner ganz Manhattan getosch hu géint Muskotnëss? Och ganz Schëffer goufe mat Muskotnëss verséchert. Esou wäertvoll war déi Noss. An haut rappe mer déi op eise Püree an denken eis näischt derbäi, dobäi hu mer do wierklech eng Wäertanlag an der Hand.

D’Muskotnoss ass intensiv, hire Geroch waarm, liicht séisslech, e bësse peffereg. Si kann och wäit méi, wéi nëmme gutt schmaachen a gouf schonn an der Antik als Heelplanz geschat. Si soll d’Verdauung ureegen, wiermen a bei Mowéi hëllefen. A klengen Dose wuelgemierkt, ze vill ka gëfteg sinn. E Gewierz also, wat Respekt verlaangt.

Et ass eben e ganz empfindlecht Gewürz an et muss onbedéngt frësch gemuel ginn, et verléiert och ganz séier un Aroma, dat heescht dee fäerdeg gemuelen Muskot ass net ze recommandéieren. Do soll ee wierklech eng kleng Noss huelen, déi hält och am Kicheschaf méintelaang a verléiert net esou séier den Aroma an da rappt ee sech ëmmer dat wat ee brauch. Dat ass genee dat, wat d’Muskotnoss ausmécht, dat si ganz kleng Dosen, quasi homeopathesch Dosen, déi dann awer e komplette Plat veränneren. Mir soen ëmmer an der Kichen - et ass esou e Gewierz, dat een net gesäit, awer et mierkt ee, wann et feelt.

Haut verfeinert d’Muskotnoss an der europäescher Kichen, Plat’e mat Kéis, Zoppen, Geméis an esouguer séisst Gebäck, wéi an der Chrëschtzäit Kichelcher oder Punsch, wou se dat gewëssent Extra mat op den Teller bréngt. A vläicht ass genee dat hire Secret: Si drängt sech net op, si bleift am Hannergrond. An awer verännert se alles.

Et muss een net ëmmer e Gewierz erausschmaachen, heiansdo ass et och einfach dee Charme, déi Déift, déi dat Gewierz mat an de Plat bréngt an do ass d’Muskotnoss e ganz wichtege Player. Wa mer géifen esou wäit wierzen, dass mer se erausschmaachen ass se dacks éischter desagreabel. Si tendéiert dozou batter ze ginn. Muskotnoss bei engem Ee, bei Kürbis ass ganz gutt an am grousse ganze fillt se sech an der Geméiskiche richteg wuel.

E Gewierz mat grousser Geschicht, staarker Wierkung a rengem Charakter: d’Muskotnoss, kleng awer mat Weltformat.

Pit Cooks The World

Back to Top
CIM LOGO