
Dat deierst Gewierz vun der Welt
Dräi kleng Fiedem a scho kascht ee Plat esou vill wéi e ganzt Owesiessen. De Safran gëllt als dat deierst Gewierz vun der Welt. Ma firwat eigentlech? A wéi schmaacht eppes, wat ee kaum gesäit awer direkt richt?
D’Iesse mécht e giel, dat huet e verwandt och mam Kurkuma. De Goût ass effektiv blummeg, äerdeg. Eng vun de bekanntste Saachen ass an Italien de Risotto Milanese oder och eng gutt Paëlla, dat sinn déi Goûten déi mer och oft mat Fësch associéieren, well Safran eben an der Mediterraner Kiche ganz dacks benotzt gëtt. Do gi kleng Dosen duer fir e ganze Plat ze veränneren an et ass e wonnerschéint Gewierz, wéi eng Grande Dame vun de Gewierzer, esou kann ee sech dat e bësse virstellen.
Safran ass och eng Heelplanz mat ganz besonnescher Wierkung, zum Beispill bei Depressiounen oder PMS. E gëllt esouguer als natierlecht Potenzmëttel, souwuel fir Männer wéi och Fraen. E kënnt aus der Bléi vun der Krokus Sativus an huet seng Originnen am Orient. Persie gëllt als Wéi vum Safran. Firwat ass en dann esou deier?
Jo wa mer bedenken dass an der Weltproduktioun pro Joer 300 Tonne Safran recoltéiert a verschëfft ginn a mer bedenken, dass mer fir 1 Kilo Safran 150.000 Blumme misste plécken a bannen dee ganz klenge Som mat der Hand nach ëmmer muss gezupft a gedréchent ginn, dat mécht net nëmmen de Safran schonn zu engem Luxus Gewierz, mee effektiv bal zu engem Unikat. Also dat ass wierklech eppes ganz Edeles, Nobeles a Luxuriéises an der Kichen.
Safran brauch Zäit. Wann e richteg agesat gëtt, ass en net dominant. Vill Leit maachen de Feeler an huelen es ze vill.
Och do ass et wéi bei alle Gewierzer, d’Quantitéit mécht et an do musse mer de richtege Choix treffen. Huele mer ze vill Safran, da gëtt aus deem blummeg éischter seefeg. An dat ass dat wat mer net wëllen. Dat heescht, léiwer no an no e bëssen derbäi ginn. A wat beim Safran ganz wichteg ass, ass wéi mer en asetzen. Do ass et wichteg dass de Safran ni a Beréierung mat kachendem Waasser kënnt, mee et soll een déi Safran Fiedem an e bësse méi waarm wéi wotlechem Waasser aweeche loossen. Dat Waasser hëlt dann déi donkel orange Faarf un an domat kënne mer da weider kachen.
Dat rout Gold ass also keen Alldags-Gewierz. A vläicht soll en dat och guer net sinn. En erënnert drun, dass gudde Goût heiansdo Zäit brauch - an Opmierksamkeet. Dräi Fiedem ginn duer. Méi brauch et net.