Plooschter ProjetSave a Life - Fir d'Caroline an all déi, déi géint Leukemie kämpfen

Michèle Schons
Et kann all Mënsch treffen: Leukemie. Vun engem Dag op deen aneren ännert sech alles...
© Plooschter Projet

Save a Life

Fir vill Betraffener ass eng Stammzellespende déi eenzeg Hoffnung. Zu Lëtzebuerg setzt sech de Plooschter Projet dofir an, méi Leit als Spender ze registréieren. E Projet gegrënnt vum Yannick Lieners, dee selwer géint Leukemie gekämpft huet. D’Registréierung ass einfach: Eng kleng Prouf an deng Donnéeë ginn an eng international Datebank opgeholl. Nëmme wéineg Leit ginn tatsächlech opgeruff ze spenden. Awer wann et passt, kann ee mat e puer Stonnen Zäit engem anere Mënsch d’Liewe retten an et muss een net fäerten, dass een dofir misst operéiert ginn, Christiane Lieners vum Plooschter Projet:

“Nee, dat ass leider wäit verbreet, dass d’Leit Angscht hunn, si géingen an de Réck gepickt ginn, mee dat ass kee Réckemuerch, et ass Knachemuerch an a 95% vun de Fäll ginn d’Stammzellen aus dem Blutt gespent. Dat heescht, do muss ee just eng Woch virdrun Medikamenter anhuelen, déi d’Stammzellen verstäerken, d’Blutt gëtt déi eng Säit ofgeholl, den Apparat filtert d’Stammzellen eraus an déi aner Säit kënnt d’Blutt nees zeréck an den Aarm, dat kann tëscht 3 a 5 Stonnen daueren, mee domat kann een einfach engem Mënsch, dee schwéier krank ass, d’Chance ginn, fir weider ze liewen.

Normalerweis gëtt fir d’éischt an der Famill vum Betraffenen no engem Spender gekuckt, hei läit d’Chance bei 25%, fir e passende Spender ze fannen. Ass dat awer net de Fall, gëtt op déi international Datebank zeréck gegraff, wou d’Chance bei eent zu enger Millioun läit.

D’Caroline ass 15 Joer al an ass Äiskonschtleeferin am Lëtzebuerger Nationalkader. Zwou Wochen no enger internationaler Competitioun krut et déi schwéier Diagnos: Leukemie. Mady Elvinger-Werner vum Skating Lëtzebuerg:

“Äiskonschtlaf, op deem Niveau wou hat trainéiert huet, dat huet geheescht 5x d’Woch Training, do ware Frëndschaften, Zesummenhalt a ganz vill Häerz, dat ass wierklech wéi eng zweet Famill um Äis a wéi d’Caroline déi Diagnos vun der Leukemie kritt huet, war och d’Reaktioun an eisem Club immens staark a mir hunn dunn aus der Solidaritéit zesumme mam Plooschter Projet den Dag vum 28. Februar an der Victor Hugo Hal organiséiert. Et ass en Opruff fir d’Caroline z’ënnerstëtzen elo a sengem Parcours mat der Leukemie, mä et ass och fir all Leukemie-Patient, wou mir eis immens freeën, wa mir wierklech elo vill Leit beweegt kréien, fir sech testen ze loossen.”

De Plooschter Projet sensibiliséiert net nëmmen a Schoulen, Betriber, ma och op Evenementer, wéi dëse Samschdeg um Lampertsbierg.

Wann een den 28. elo bei eis kënnt, do kritt een t’éischt e Froebou, deen een ausfëllt, dono kritt ee vun eisen Infirmièren e klengen Tube Blutt ofgeholl. Do sinn iwwer 60 Benevollen, déi eis tatkräfteg ënnerstëtzen, deels Infirmièren, deels Leit déi d’Froebéi kontrolléieren, dass dat dann esou ofleeft.

Basiskonditioune fir e Spender sinn eng gutt Gesondheet, 18 bis 56 Joer al sinn, ab 16 mat Accord vun den Elteren, méi wéi 50kg weien an e feste Wunnsëtz zu Lëtzebuerg oder an Däitschland ze hunn. E Samschdeg kënnt der iech vun 10 bis 18h an der Victor Hugo Hal teste loossen.

Plooschter Projet

Back to Top
CIM LOGO