En Dënschdeg de Moie géint 10.10 Auer krut e Camion op der A6 op der Héicht vu Stroossen d’kalifornesch Mauer ze paken, dat nodeems e Pneu geplatzt war. Duerch de Kontakt vum Camion ass d’kalifornesch Mauer gebrach, an de Camion ass ëmgekippt. Op der anerer Säit vun der Autobunn gouf en Auto vu Stécker vun der futtisser kalifornescher Mauer getraff.
D’Bréck ënnert där de Camion un d’Hale komm ass, muss elo op Beschiedegunge kontrolléiert ginn, esou d’Ausso vu Ponts et Chaussées op der Plaz.

Wéi de CGDIS schreift, gouf eng Persoun beim Accident blesséiert. Vun der Plaz ass et d’Informatioun, dass de Chauffer vum Camion aus senger Kabinn huet musse geschnidde ginn.
Duerch deen Accident koum zu massivem Stau an där Géigend, an och op den Alternativstrecken. Kuerz no 11 Auer waren et 6 Kilometer Réckstau a Richtung Arel an 3 Kilometer a Richtung Gaasperech.
D’Pompjeeë vu Mamer an aus der Stad goufen an den Asaz geruff, grad ewéi eng Ambulanz aus der Stad an den Escher Samu.