No Urteel géint US-StroftaxenUS-Liwwerfirma Fedex verklot elo d'US-Regierung

AFP, iwwersat vun RTL
Dëst ass domadder déi éischt Klo vun enger grousser US-Entreprise zënter dem rezenten Urteel vum Supreme Court.
© MANDEL NGAN/AFP

D’US-Liwwerfirma Fedex huet d’US-Regierung verklot, nodeems de Supreme Court zu Washington d’Stroftaxe vum US-President Donald Trump e Freideg fir onrechtméisseg erkläert huet. A senger Klo géint d’Zoll- a Grenzschutzagence CBP virum US-Geriicht fir internationalen Handel fuerdert Fedex e “komplette Remboursement” vun den Taxen, déi importéiert goufen. Dat geet aus engem Geriichtsurteel ervir, dat der AFP e Méindeg virläit.

No Urteel géint US-Stroftaxen
D’US-Liwwerfirma Fedex huet d’US-Regierung verklot, nodeems de Supreme Court zu Washington d’Stroftaxe vum US-President fir onrechtméisseg erkläert huet.

Dëst ass domadder déi éischt Klo vun enger grousser US-Entreprise zënter dem rezenten Urteel vum Supreme Court. Dësen hat a senger Decisioun net festgeluecht, wéi een elo mat Remboursementer ëmgeet. Dës Stroftaxen hate bei Importateuren Taxen an Héich vun iwwer 130 Milliarden Dollar (ronn 110 Milliarden Euro) un d’US-Regierung verursaacht.

© JAKUB PORZYCKI/NurPhoto via AFP

De Supreme Court an den USA huet e Freideg déi meescht Stroftaxen, déi vum US-President Trump agefouert goufen, fir onrechtméisseg erkläert. Dat vum Trump ugestrieften Noutstandgesetz géif de President net ermächtegen, Stroftaxen anzeféieren. Heivir wier de Kongress zoustänneg, sou d’Urteel vun de Riichter. D’US-Agence déi sech ëm d’Taxen am Land këmmert, huet e Sonndeg dann och matgedeelt, d’Stroftaxen vun en Dënschdeg un net méi z’erhiewen.

Den Donald Trump huet allerdéngs nei Spezialtaxen op Basis vun engem anere Gesetz annoncéiert. E Freideg huet hien nach eemol 10% op Wueren dropgeschloen, déi ausserhalb vun den USA an d’Land erakommen. E Samschdeg huet en du vu 15% geschwat, huet d’Erhéijung vun dësen Taxen awer nach net formal ordonéiert.

Déi zousätzlech weltwäit US-Stroftaxen an Héicht vun 10% sinn dann och elo offiziell a Kraaft getrueden a wäert vun elo u gëllen, esou d’US-Agence fir Taxen en Dënschdeg de Moien.

Back to Top
CIM LOGO