Parquet général freet Confirmatioun vum UrteelNotaire soll Blanchimentsrichtlinnen net respektéiert hunn

Diana Hoffmann
Dat muss dach eng Notaire interpelléieren, déi d’Immobiliepräisser zu Lëtzebuerg kennt, huet de Vertrieder vum Parquet général gemengt.
D’Notaire Karine Reuter war selwer net op de Prozess komm, mee huet sech vun hirer Affekotin Lydie Lorang vertriede gelooss.
© Laurent Weber / RTL

D’Notaire Karine Reuter huet sech e Méindeg wéinst Verstouss géint d’Anti-Blanchimentsrichtlinne mussen an zweeter Instanz um Stater Geriicht veräntwerten. An éischter Instanz war si am Februar zejoert zu enger Geldstrof vun 20.000 Euro verurteelt ginn. De Parquet général freet d’Confirmatioun vun dësem Urteel mat der Begrënnung, dass et e begrenzte Chiffre d’affaires gewiescht wier.

Notaire soll géint Blanchimentsrichtlinne verstouss hunn / Rep. Diana Hoffmann

D’Notaire Karine Reuter war selwer net op de Prozess komm, mee huet sech vun hirer Affekotin Lydie Lorang vertriede gelooss. Ma déi Ugeklote steet an dëser Affär net eleng viru Geriicht. Engem Immobilienhändler a sengem Kolleeg ginn Abus de faiblesse reprochéiert, well si engem 78 Joer ale Mann aus Däitschland en Haus am Neiduerf fir 200.000 Euro ofkafe wollten. Dëst hat e geschate Wäert vun 800.000 Euro. De Compromis war am Januar 2021 ënnerschriwwe ginn. Séier hätt een op e vum Notaire beglaubegte Kafvertrag gedréckt. Een Notaire hat dëst awer ofgeleent, ënner anerem well de Verkeefer d’Geschäft antëscht wollt Réckgängeg maachen.

Déi zwee Männer hunn de Büro vun der Karine Reuter kontaktéiert, déi scho kuerz drop e Rendez-vous fixéiert huet. De Verkeefer war hei awer net komm. D’Notaire huet doropshin en Dokument ausgestallt, fir de Kaf viru Geriicht anzefuerderen. Dem Parquet général no hätt hier awer missten opfalen, dass de Kafpräis ze niddreg war, wat si hätt missen der d’Cellule de Renseignement Financier, kuerz CRF, mellen. Ebe wéi et akkurat fir hire Beruffsstand gewiescht wier. An éischter Instanz hat d’Karine Reuter gesot, dass si, wann et zu der Ënnerschrëft vun engem Notairesakt komm wier, d’Detailer vun der Transaktioun gepréift hätt.

Den Immobilienhändler a säi Kolleeg goufen an éischter Instanz zu enger Prisongsstrof vu jee 30 Méint mat integralem Sursis an enger Geldstrof vu 5.000 Euro verklot. De Parquet général freet fir den Immobilienhändler, dass u säi Sursis Konditioune gebonne ginn, a fir de Mann deen d’Haus am Neiduerf kafe wollt, e Changement vum Sursis a feste Prisong. Dëst wëll de Mann keen eidele Casier hätt.

E Mëttwoch gëtt dann um Appellsgeriicht eng weider Affär verhandelt, déi d’Karine Reuter concernéiert. De Reproche ass dee selwechten. Si soll géint d’Blanchimentsrichtlinne verstouss hunn, well se Immobiliegeschäfter mat dubiéisen Investisseuren aus Aserbaidschan ofgewéckelt hätt. Hei war si am Februar zejoert zu enger Strof vun 100.000 Euro verurteelt ginn.

Back to Top
CIM LOGO