Iwwerreschter vun de FeierdeegWat kann een afréieren a wat net?

Michèle Schons
An e puer Deeg ass d'Dinde Geschicht, d'Kichelcher hunn iwwerlieft an am Frigo wäerten sech d'Reschter vun de Feierdeeg wéi e kulinaresche Jenga stapelen.
© Unsplash

Wat kann een afréieren a wat net?

Déi grouss Fro - iesse mer nach déi ganz Woch drun oder fréiere mer et an? A virun allem, wat dierf an d’Tru a wat verwandelt sech am Tifküler éischter an eng matscheg Iwwerraschung? Mir hunn direkt bei zwee Käch ëm Rot gefrot.

Den David Albert erkläert:

Beim Geméis wat nach net ofgekacht ass, kann een et an eng Vakuumstut maachen, dat fréiert sech ideal gutt an. Beim Fleesch, wat nach net agefruer war, kënne mer och ouni Problem schéi propper apaken an do ass de Vakuum ideal, well mer do och e gudde Brandschutz hunn, duerch de Plastik dee ronderëm ass.

D’Iesse kann ee jo net einfach mat der Schossel an den Tifküler stellen, op wat muss een oppassen, Carlo Sauber aus dem LTB?

Déi Preparatiounen op Basis vu Gromperen zum Beispill, déi fréieren sech net ganz gutt, well d’Gromperemiel hëlt d’Fiichtegkeet un an hannerléisst dobäi och e Frigos-Goût, deen net ganz agreabel ass. Och ass et net esou gënschteg bei Geméis dat staark waasserhalteg ass, wéi zum Beispill Champignonen oder Courgetten, well do d’Waasser an den Zellen sech ausdeent bei der Afréierung, do entsti Kristaller déi zerdrécken d’ganz Struktur vum Geméis a loossen et beim Entdeeë ganz latscheg ginn, esou dass et da kee Spaass méi mécht fir et z’iessen.

Wa mer elo Flëssegkeete wéi Zosen ze vill hunn, do ass et ëmmer wichteg ze kucken, dass d’Dëppercher nëmmen zu zwee Drëttel gefëllt sinn, well d’Flëssegkeeten sech beim Fréieren ausdeenen. Och wann een d’Iessen herno eraushëlt, ginn et verschidde Saachen déi ee respektéiere soll?

Am beschte soll een entdeeën andeems een seng Preparatioun 12 Stonne schonn am Frigo entdeeë léisst, esou dass déi Kristallen sech och zeréckbilden, iert een et da ka wiermen. Gekachte Preparatioune sollt een net méi wéi dräi Méint halen, déi nämlecht Dauer gëllt fir fetteg Produiten, well d’Fett net ganz fréiert an esou déi Enzymer am Fett dann e ranzege Goût kënnen hannerloossen.

Kuchen a Mousse fréieren sech och gutt an, esoulaang keng Uëbststécker dra sinn. D’Tifkültru ass also keng Dreckskëscht mat Minusgraden - ma eng Rettung fir vill Reschter. Wie richteg afréiert spuert Zäit, Geld an Nerven. A ganz éierlech, esou en agefruere Stéck Kuch ass am Januar dach bal wéi e verspéite Kaddo.

Back to Top
CIM LOGO