En Donneschdeg de Moie war den CSV-Deputéierte Laurent Mosar eisen Invité vun der Redaktioun.

„Hei ginn zum Deel Grondrechter vun de Bierger mat Féiss getrëppelt“. Déi Ausso koum um Donneschdeg de Moie vum Laurent Mosar als eisen Invité vun der Redaktioun.

Den Affekot an CSV-Deputéierten huet sech nawell zolidd opgereegt iwwert d'Datebanke bei der Police a bei der Justiz. Hien hätt e bëssen d’Gefill, wéi wann och déi zoustänneg Ministeren net richteg wéissten, wat iwwerhaapt leeft a gelaf ass.

Fir d'Justiz wär vum Parquet général gesot ginn, datt et kee „fichier nominatif“ gëtt. E Mëttwoch hätt een d'Confirmatioun an der Chamberkommissioun kritt vun der Kontrollautoritéit fir d'Justiz, datt een awer kéint mat Numm sichen. Den Zougang géif och net kontrolléiert ginn. Et bräicht een endlech eng legal Basis fir déi Fichieren, sou de Laurent Mosar. Haut hätt een en anert, neit Dateschutzgesetz, et wär eng „aner Zäit“.

D’Regierung wär elo gefuerdert fir Kloerheet ze schafen. Et misst gekläert ginn, ween alles Accès zu deenen Fichieren hätt, wéi et ënnert anerem ëm den droit à l’oubli steet. Sou séier wéi méiglech misst et eng legal Basis ginn. Et wäre Saachen op d'Tapéit komm, wou deenen och d'Politiker bis ewell keng Anung haten. Fir de Laurent Mosar ass d’Méiglechkeet vun enger parlamentarescher Enquêtëkommissioun nach net vum Dësch.

Op d'Verfassungsreform ugeschwat an den neie Moment, datt d'CSV elo d'Populatioun méi wéilt abannen a soss den Text net géif mat droen, huet de Laurent Mosar gemengt, et géif net ëm Erpressung goen, et géif een och net der Regierung en Ultimatum stellen. Mä de Respekt vum Bierger misst am Mëttelpunkt stoen.

D'CSV wär weider fir eng nei Verfassung, baséierend um Text, deen och de Paul-Henri Meyers mat ausgeschafft huet. Mä d'Bierger sollen z.B. iwwert de Walsystem dierfe matschwätzen.

AUDIO: Invité vun der Redaktioun: Laurent Mosar

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.